Marché de solidarité 2018

De Solidaritéitsmaart ass eng Aktivitéit, déi all Joer stattfënnt. E puer Klasse verkafen do Saachen, déi si selwer produzéieren oder kachen. Um Solidaritéitsmaart verkafen d’Schüler zum Beispill Panescher, Croques Monsieuren oder einfach Dekoratiounsartikelen. Déi Suen, déi d’Klasse kréien, ginn ëmmer fir e gudden Zweck gespent. Dëst Joer war et fir d’Associatioun “Kanner Wonsch”, déi schwéier kranke Kanner, tëschent 3 an 18 Joer, e leschte Wonsch erfëllen (www.wonsch.lu).

Mir schreiwen iwwert de Soldiaritéitsmaart well et eng wichteg Aktivitéit vum NOSL ass. Beim Chrëschtmaart geet et net nehmen drëm Suen ze sammelen, Zil ass et eppes fir e gudden Zweck ze maachen an eng Kéier un déi ze denken, deenen et net esou gutt geet. 

D’Aarbecht vun de Schüler gouf och belount, well den 22. Januar 2019 konnt dem Här Hagendoorn, President vun der a.s.b.l. Kannerwonsch, e Scheck vun 1400 € iwwerreecht ginn.


D’Schüler fannen de Maart cool, well et fir e gudden Zweck ass a well se sech do eppes kënne kafen. D’Stëmmung um leschte Solidaritéitsmaart war immens gutt. Si fannen, dass ee fir eng weider Editioun och soll Softgedrénks verkafen, all déi aner Aktivitéite solle bestoe bleiwen. D’Panescher an d’Croques Monsieure waren am beléiftsten, awer d’Leit wënsche sech nach méi Choix wat d’Iessen ugeet. Hei sollt een ader och eis Clija+-Klasse nennen, déi all Joer frësch kacht.

Ausserdeem hu mir mat verschiddene Proffen aus dem Lycée geschwat fir och hir Meenung zu deem Sujet gewuer ze ginn. Bei dësen Interviewe krute mir vill positive Feedback a vill Proffe soten och, dass et hinne gefall huet, dass d’Schüler sech esou fir de gudden Zweck engagéieren. Och d’Iessen ass gutt bei de Proffen ukomm. 

Leave a Reply