Moie léif Welt,
Mir si frou, dass Dir de Wee an eise Blogg vun Schüler fir Schüler fonnt hutt. Wee stécht hannert dësem Blogg a schreift a senger Fräizäit Artikele fir dass Dir se hei liese kennt? Am beschte mir stellen eis einfach mol fir:
- Ech sinn den Alex a schreiwe fir dëse Schülerblogg. Ech hoffen ech wäert iech mat menge Berichter iwwert déi verschiddensten Theme begeeschtere kennen.
- Mäin Numm ass Alexis an ech si 15 Joer al. Ech sinn ee grousse Fan vu Videospiller.
- Ech heesche Kilian. Ech si 14 Joer al a Schüler am NOSL. Ech liese gär a schreiwen dann Artikelen iwwer Bicher, mee ech kéint mer och virstellen nach iwwer aner Saachen ze schreiwen.
- Mäin Numm ass Leonard an ech si 14 Joer al. Ech interesséiere mech fir Videospiller.
- Ech heeschen Noémie, si 17 Joer al an Schülerin am Nordstad Lycée zu Dikrech. Ech liesen a schreiwe ganz gären.
- Hei, ech sinn den Timoé. Ech si 15 Joer al an ech hunn Videospiller a Mangae gär. An menger Fräizäit spillen ech Launchpad a maache Parkour.
- Ech sinn d’Christine Hilbert an ech schaffen als Mathesproff am NOSL. Als Schüler hunn ech ëmmer gären Texter geschriwwen a mam Noslblogger hunn ech elo d’Chance eis Schüler dobäi ze ënnerstëtzen Artikele fir hire Blogg ze schreiwen.
- Ech sinn d’Nadine Krux an ech ginn Däitsch am NOSL. D’lëscht Joer hunn ech zesumme mat de Schüler un der Schülerzeitung geschafft an doraus ass elo dëse Blogg entstanenen.
Ab elo wënsche mir Iech da ganz vill Freed mat eisem Blogg.
Ären Noslblogger


