“Journée des entreprises” – Interview mat der Madamm Bichler vum SePAS

1. Wei laang gëtt et déi “Journée des entreprises” schonn?

Dest Joer war déi 11. Editioun vun der “Journée des entreprises”.

2. Firwat gëtt déi “Journée des entreprises” organiséiert ?

Déi gëtt organiséiert fir datt d’Schüler vun der 5e esou vill Informatioune wéi méiglech kënne kréien iwwer verschidde Beruffer. Leit, déi a bestëmmte Beräicher schaffen, kënnen hinnen esou erkläre wat een an dem Beruff genee maache muss, wat fir eng Ausbildung ee maache muss a wéi eng Méiglechkeeten een duerno huet. 

3. Wat verspriecht dir Iech vun der “Journée des entreprises”?

Also ech denke mir, datt d’Schüler vun där Offer profitéieren an esou vill Informatioune wéi méiglech kréie fir herno de fir si richtege Beruff ze fannen. En plus kënnen se iwwer Beruffer, di si wierklech interesséiere, konkret Froe stellen an datt se duerno méi Informatiounen hunn di se brauche fir an eng bestëmmte Richtung ze goen. Also et sinn Informatioune vu Leit déi um Terrain schaffen.

4. Wei eng Erfarungen hutt dir d’lescht Joer gemaach ?

Am grousse Ganzen ass d’Erfarung relativ positiv,dat heescht Schüler, déi interesséiert sinn, si frou datt se déi Informatioune kréien. D’Patroën engagéieren sech ganz vill, dat heescht, datt se sech op den Dag gutt virbereeden an se probéieren dann och sou gutt wéi méiglech hir Beräicher ze erklären an op de Schüler hir Froen ze äntweren.

5. Wei zefridde sinn d’Schüler mat der “Journée des entreprises”?

Ech denken datt déi Schüler, déi sech dofir interesséiere fir esou vill wei méiglech Informatiounen ze kréien,  natierlech ganz zefridde sinn. Et sinn natierlech och mol eenzel Saache wou se vläicht soen: „Dat do interesséiert mech net esou vill.”. Wéi dir vum Opbau wësst , ass et an all Klass esou, datt jidderee 5 Ateliere kucke geet an do kann et duerchaus sinn, datt een Atelier dobäi ass, wou eenzel Schüler soen, datt et si perséinlech net wierklech interesséiert huet. Mee ech denke schonn, datt de groussen Deel dovunner profitéiert.

6. Wei vill Leit organiséieren déi “Journée des entreprises” ?

Mir sinn zu zwee Léit, déi dat organiséieren, mee mir hunn awer di vollsten Ënnerstëtzung vun de Kollegen aus dem Sekretariat an aus dem Service Technique. 

7. Wei laang dauert d’Organisatioun vun dem Dag ?

Also Mme Kettel an ech hunn eis dëst Joer em d’Organisatioun gekëmmert. Di Jore virdru waren et ëmmer den Här Gengler an ech. Mir fänken am Oktober un, fir datt am Februar oder am Mäerz alles steet, dat heescht dat dauert schonn e puer Méint, well ganz vill ze organiséieren ass.

Leave a Reply